Dësen internationalen Concours gëtt organiséiert vun engem Organisatiounskomitee, deen speziell fir dëst Evenement gegrënnt ginn ass. D’Organisatioun gett zesummen mat der Luxembourg Recue Organisation (LRO) an der World Rescue Organisation der WRO gemaach.
Wéi dir selwer wësst gëtt fir d’Organisatioun vun esou Evenementer all Hëllef gebraucht, sief et fir den Transport, d’Opbauen vun den Scénarien, dem Encadrement vun den Equipen, der Logistik, an wat soss nach ufällt, ze assuréieren.
Wéi kann een sech esou eppes virstellen? D’Equipen kommen zu verschiddenen Auerzaiten, mat verschiddenen Moyens de Transport am Grand-Duché un. Déi eng sinn eegenstänneg, anerer Froen fir z.B. vum Flughafen bei den Hotel transportéiert ze ginn.
Dann muss och den ganze Site preparéiert ginn, woufir natiirlech all Hand gebraucht gëtt. Sief dat am Virfeld vun der Kompetitioun fir Zelter opzestellen, ze verankeren, Descher an Still op der richteg Plazen ze transportéieren, oder wärend der Kompetitioun den Leit e hëllefen sech z.B. um Site ze orientéieren. Och während dem Concours faalen Aufgaben un, esou mussen zweschend den Kompetitounen d’Arbeschtsfläch vun der Equipe gebotz ginn, an déi nei Szénarioen opgeriicht ginn. Et gëtt ëmmer erem op enger anerer Platz Material an Personal gebraucht fir eng Hand unzepacken.
Niewend den Kompetitiounen ginn och 3 Evenementer fir d’Ekippen organiséiert. Och beim Déroulement vun dësen Owender gëtt all Hand gebraucht, sief et bei der Kontroll vun den Leit déi op den Site ginn, fir beim Service eng Hand mat unzepacken oder durno beim ofraumen.
Wann dir motivéiert sidd am zum gudde Gelengen vun deser internationaler Kompetitioun, welche vum 7-11 September 2022 stadtfënnt, wëllt en Deel baidroen, sidd dir härzlech invitéiert Iech ze mëllen, dëst mëttels dem Formulaire deen dir hei op der Sait fannt.
Wien kann hëllefen: Jidfereen
Wéi kann ech mech mellen: Mam Formulaire hei drënner